Dem Jean-Michel Jarre säi legendären éischte Live-Album feiert dëst Joer säi 40. Anniversaire. Eng Neiausgab kënnt bei dëser Geleeënheet eraus. 1981 war de Jean-Michel Jarre deen éischte westleche Museker, deen no der Kulturrevolutioun (1966-1976) a China optrëtt. Hien huet e Joer méi spéit dës fënnef Concerten an de People's Stadiums zu Shanghai veréiwegt […]